Léif Dachsen,
Den 12. an 13. Juli fënnt de Pow-Wow statt, dat lescht grousst Scoutstreffe vum Scoutsjoer, wou all d’Gruppe vun der FNEL sech zesummen treffe fir d’Scoutsjoer ze feieren a glécklech ofzeschléissen.
Dëst Joer fënnt dëst zu Iechternach ronderëm dem Séi statt.
Fir den Transport fuere mir Samschdes wéi Sonndes mam Bus vun eisem Home aus direkt op Iechternach, och fir Heem. Loosst also beim Home Plaz datt de Bus duerchfuere kann, MERCI.
Léif Explorer vun den Dachsen,
Mir schreiwen d’Joer 698: eng nei Stad ass gegrënnt ginn – Epternacencis. Si soll anscheinend ronderëm e schéine Séi, bäi sandege Fielsen an tëscht gréngen Hiwwele leien. Jidderee schwätzt vun der grousser Buerg an de villen neien Awunner, déi schonns dohinner geplënnert sinn. Ob Bauer, Bäcker oder Pater – all zéie se a Richtung vun der neier Stad.
Virun Ugrëffer ass allerdéngs keng Stad gewappnet, dofir brauch och si natierlech daper Ritter fir déi grouss Maueren a seng nei Awunner ze schützen. Dëst ass ëmsou méi wichteg en vue vun der grousser Erëffnungskiermes déi Sonndes, den 13. am 7. vun de Méint soll stattfannen.
D’Awunner vun Epternacencis brauche méi Ritteren – dofir luede mir iech all an Samschdes, den 12. Juli déi 5 Dugende vun der Ritter kennen ze léieren an är Ausbildung zum Ritter ze maachen, dëst op engem holprege Wee duerch den dach esou grénge Bësch.
Ukomme wäert dir op enger Plaz, beschriwwen als Therme vum Mëttelalter wou och d’Réimer schonns geschwomme sinn. Hei gitt dir verfleegt an hutt vläicht esou guer d’Chance d’Prinzessin perséinlech kennen ze léieren an direkt owes nach zum Ritter geschloen ze ginn. Och begéint dir op dem selwechten Owend all déi aner wichteg Persounen, déi nach hir Auszeechnung kréien.
Iwwer Nuecht kënnt dir iech e bëssen ausroue fir den aneren Dag direkt un der Erëffnungskiermes vun Epternacencis deelzehuelen.
- Depart: 12.07.2025 um 12:00 beim Scoutshome
- Wou ass d’Aktivitéit: Iechternacher Séi
- Retour: 13.07.2025 um 17:45 beim Scoutshome
- Präis:
- Samschdes a Sonndes: 30€ ze iwwerweisen
- nëmme Samschdes: 15€ ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis de 15.06.2025 per E-Mail un info@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: E Wander-Rucksak gefëllt mat: Foulard, Uniform, dem Wieder ugepasste Kleeder, Biergschong, Schlofsak, Carry-Mat, Pyjama, frësch Ënnerwäsch, Wäschsaachen, Gamell-Sak mat Gamell, Kichenduch, Besteck a Becher, Bidon Waasser, Sonnecrème/Reejackett/Kap (au besoin), Schwammsaachen a Buedduch, Scoutsbichelchen, Ficelle, Bic a Block