Dippecher Dachsen
Scouten a Guiden aus der Gemeng Dippech
Beaver
D’Beaver liewen zesummen an enger Kolonie a gi vun enger jonker, dynamescher a motiveierter Equipe geleet.
Wëllef
Wëllefcher nennt een d’Scouten am Alter vun 8-11 Joer.
Mir liewen zesummen an der Meute, déi bei verschiddenen Aktivitéiten an kléng Ennergruppen vun 6-8 Wëllefcher (Sizaine genannt) agedeelt gëtt.
Trupp
D’Scouten a Guiden, d’Branche vun 11 bis 15 Joer, gëtt och nach Trupp genannt.
D’Scoute liewen a schaffen hei a Patrullen, a klénge Gruppe vu 6 bis 8 Jongen an Meedercher. Des kléng Gruppe schaffe wäitgehend autonom ënnert der Féierung vu jeeweils engem Chef de patrouille (CP) an engem Second de patrouille (SP).
Explorer
D’Explorer fannen sech zesummen fir hier Aktivitéiten selwer ze plangen an ze liewen.
D’Explorer sinn Jonker zwëschen 14 a 16 Joer.
Si hëllefen och schon bei Gruppen-Aktivitéiten.
Rover
De Rover-Clan plangt seng Aktivitéiten duerch d’Scoutsjoer.
Et sinn Jonker ab 17 Joer. Si ënnerstetzen de Grupp a sengen Aktivitéiten.
Amicale
Eis Amicale, Mammen a Pappen vun eise Scouten, Frënn vun den Dachsen, ënnerstetzen eise Grupp bei sengen Aktivitéiten.
To find out more, including how to control cookies, see here: Cookie Policy