Rover

All Scout ab 16 Joer ass Rover. Gläichzäiteg kann en och Chef/Responsabel vun enger anerer Branche sinn.

D’Rover organiséieren sech an Clanen. Meeschtens sinn et Rover aus deem selwechten Grupp, déi ee Clan forméieren. Clane si selbststänneg an onofhängeg an organiséieren sech hire Programm selwer.

D’Rover kënnen esouwuel hire Grupp bei verschiddenen Aktivitéiten ënnerstëtzen, ewéi och selwer Projeten op d’Been stellen a realiséieren. Och fir dës Branche sti Spaass an Aventure op Plaz Nummer 1.

D’Roverbranche mécht d’Transitioun zum Erwuesseginn an ënnerstëtzt di jonk Fraen a Männer an der leschter Phase vun hirer Integratioun an eng Erwuessenegesellschaft. Duerch Benevolat a konstant Weiderbildung duerch Formatiounen, Kompetenzentwécklung an -unerkennung hëllefen d’Rover jonken Erwuessene sech méi liicht an enger komplexer a fuerdernder Gesellschaft erëmzefannen a sech duerchzesetzen a vrun allem an där Gesellschaft kënnen en Ënnerscheed ze maachen.