Trupp

D’Scouten a Guiden, d’Branche vun 11 bis 13 Joer, gëtt och nach Trupp genannt.

D’Scoute liewen a schaffen hei a Patrullen, a klenge Gruppe vu 6 bis 8 Jongen an Meedercher. Des kleng Gruppe schaffe wäitgoend autonom ënnert der Féierung vu jeeweils engem Chef de patrouille (CP) an engem Second de patrouille (SP).

An der Patrull huet jidderee seng Charge a Verantwortung, sief et am Spill oder an der Aktioun. All Member soll seng Responsabilitéit iwwerhuelen. Dobäi steet de Kontakt mat der Natur an d’Sammele vun eegenen Erfarungen am Virdergrond, getrei dem Baden-Powell, dem BP, dem Grënner vum Scoutismus sengem Motto no: “Learning by doing”.

Eis Versammlunge sinn normalerweis ëmmer Samschdes mëttes vu 16 bis 18 Auer.

Trajet am Bësch mat Kaart a Kompass, Baue vun eegene Konstruktiounen oder gemittlecht Zesummesinn owes beim Lagerfeier sinn nëmmen e puer vun eise flotten Aktivitéiten, et ass fir all Goût eppes dobäi!
Op eise Sortien, nationalen an internationale Campe wäerts du eng Hellewull vun neie Leit kenne léieren.

Begleet gëtt des Branche vun enger exzellent forméierter a motivéierter Ekipp vu Cheffen.

Komm laanscht op eng vun eise Versammlungen an entdeck ons flott Branche. Fir all weider Informatioune kanns du dech gären un eis Cheffe wenden oder eis eng E‑Mail schécken: trupp@dachsen.lu.

Les Scouts et Guides, la branche de 11 à 13 ans est encore appelée la Troupe.

Les scouts vivent et travaillent en patrouilles, des groupes de 6 à 8 garçons et filles. Les patrouilles travaillent largement en autonomie sous la direction d’un Chef de patrouille (CP) et d’un Second de patrouille (SP).

Au sein de la patrouille, chaque scout a son rôle, que ce soit dans le jeu ou dans l’action. Chaque scout doit prendre ses responsabilités. En premier lieu, ils recherchent le contact avec la nature et apprennent à travers leurs propres expériences. Ils suivent ainsi le mot d’ordre du fondateur du scoutisme, Baden-Powell : « Learning by doing ».

Nos réunions ont normalement lieu le samedi de 16 à 18 heures.

Des trajets en forêts avec carte et boussole, la réalisation de constructions ou une soirée agréable passée devant un feu, il y en a pour tous les goûts !
Tu auras l’occasion de rencontre bon nombre de personnes lors de nos sorties, nos camps nationaux ou internationaux.

La troupe est encadrée par une équipe de chefs hautement formée et motivée.

Rends-nous visite dans une réunion et découvre notre troupe. Pour toute information supplémentaire tu peux contacter nos chefs ou nous envoyer un mail à trupp@dachsen.lu.