Explorer

D’Explorer sinn d’Scouten vun 15 bis 16 Joer.

D’Explorer féieren de Scoutsgeescht, deen an deene méi jonke Branchen agefouert gëtt, nach e Schrëtt weider: an der Unitéit geet et dobäi verstäerkt ëm d’Zesumme-Sinn: zesumme liewen, zesumme Spaass hunn an zesummen Aktivitéiten organiséieren a maachen. Deemno ass Responsabilitéit, Chargenopdeelung an den Ëmgang am géigesäitege Respekt den A an O an der Explorer-Unitéit.

Eis Versammlunge sinn normalerweis Samschdes vu 16 bis 18 Auer.