Mir reesen zeréck an d’Äiszäit an erliewe wat zu där Zäit ronderëm gelaf ass. Mir ginn op d’Sich no Spuere vun der Zäit an entdecken d’Liewe wärend där Period.
- Depart: 20.12.2025 um 9:30 op der Dippech-Reckenger Gare
- Wou ass d’Aktivitéit: Chalet Prënzebierg, rue Belle-Vue, Péiteng
- Retour: 22.12.2025 um 15:00 op der Dippech-Reckenger Gare
- Präis: 45€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis den 29.11.2025 per E-Mail un trupp@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Schlittschong (wann een der huet), Wanterhändschen, Schlofsak (mir schlofen dobannen), Carry-Mat, Wäschtrousse, dem Wieder ugepasste Kleeder, Biergschung, Gamell