D’Disney-Frënn ruffen dech!
Weekend
✨ Haalt d’Ouer op! ✨
Léift Beaver,
eng grouss Iwwerraschung gëtt an der Disney-Welt virbereet!
D’Micky, Minnie, Elsa a vill aner Frënn kënnen net waarden, dass dir mam Bibu kommt.
Se brauche genau är Hëllef, fir dass den Zauber voll erwächt!
An entdeckt Disney-Schätz an all Eck.
De Weekend wäert voller Glanz, Abenteuer a Freed sinn, mee ouni dech si mer nëmmen hallef sou staark!
Är Beavercheffen & Disney
- Depart: 07.02.2026 um 10:00 beim Chalet Hondsbësch zu Nidderkuer
- Wou ass d’Aktivitéit: Chalet Hondsbësch, 175 avenue de la Liberté, Nidderkuer
- Retour: 08.02.2026 um 15:30 beim Chalet Hondsbësch zu Nidderkuer
- Präis: 22€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis den 01.02.2026 per E-Mail un beaver@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Denkt un är Verkleedung!