Léif Scouten,
de Genie brauch är Hëllef. Hie war nämlech a leschter Zäit net a beschter Form an et sinn e puer Saache schif gaangen, wéi hien e Wonsch erfëlle wollt. Dofir ass et him verbuede ginn, weider ze zauberen, bis hie bewisen huet, dass ee sech op hie verloosse kann. Sidd dir prett fir him ze hëllefen?
Lénks Patt,
Är Truppecheffen
- Depart: 18.04.2026 um 16:30 op der Dippech-Reckenger Gare
- Wou ass d’Aktivitéit: Chalet Prënzebierg, rue Belle-Vue, Péiteng
- Retour: 19.04.2026 um 22:00 op der Dippech-Reckenger Gare
- Präis: 25€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis den 11.04.2026 per E-Mail un trupp@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Picknick fir Mëttes, alles wat ee fir e Weekend brauch