D’Zäit ass a Gefor!-Weekend


Event Details


Hey du! Bereet fir eng Zäitrees?

Mir hunn e geheime Message aus der Zukunft kritt…
Eppes ass do falsch gelaf, an elo brauche mir genau dech!

An der Zukunft ass d’Zäit duerchernee komm,
a just eng kleng Grupp vu couragéierte Beaver kann dat erëm riicht béien.

Do waarden op dech:

  • 🕵️‍♀️ geheim Missiounen
  • ⚗️ verréckt Experimenter
  • 🤖 spannend Erausfuerderungen

Mir sichen Zäit-Agenten, déi mat eis d’Zukunft retten!
Bass du dobäi?

Lénks Patt, är Beavercheffen

  • Depart: 04.07.2026 um 14:00 beim Home St. Christophe Beggen
  • Wou ass d’Aktivitéit: Home St. Christophe Beggen, 224 rue des Sept-Arpents, Lëtzebuerg
  • Retour: 05.07.2026 um 14:00 beim Home St. Christophe Beggen
  • Präis: 26€, ze iwwerweisen
  • Aschreiwung: bis den 28.06.2026 per E-Mail un beaver@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
error: Content is protected !!