Montée 2026
En neie Schratt an d’Scoutsliewen
Léif Dachsen,
Um Ufank vum Scoutsjoer ass et op e Neits un der Zäit fir eng ganz Rei vun iech fir d’Montée an déi nächst Branche ze maachen.
Wat ass d’Montée?
Bei de Scoute si mir all a verschidde Branchen (Altersstufen) opgedeelt. An de Beaver ass ee bis 8 Joer an da geet een an d’Wëllef; da mécht een d’Montée vun de Beaver an d’Wëllef. Mat 11 Joer mécht een d’Montée vun de Wëllef an d’Trupp, mat 14 Joer an d’Explorer, mat 16 Joer an d’Rover, a schliisslech mat 21 gëtt een Tembo.
D’Montée ass ëmmer e ganz wichtege Moment, et huet een d’Ziler vun der aler Branche erreecht an et kann ee bei déi “méi grouss” fir nei Aktivitéiten ze erliewen an nei Ziler unzestriewen.
Well d’Montée just eemol am Joer organiséiert gëtt ass et ganz wichteg, dass all déi Scouten déi d’Branche wiesselen op der Montée dobäi sinn! Natierlech ass awer jiddereen agelueden an opgeruff fir matzegoen.
- Depart: 17.10.2026 um 9:00 op der Dippech-Reckenger Gare
- Wou ass d’Aktivitéit: Chalet vun de Lions Bleus, 61 rue de Pulvermühl, Lëtzebuerg
- Retour: 18.10.2026 um 16:15 op der Stater Gare
- Präis: 25€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis den 10.10.2026 per E-Mail un info@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: alles wat ee fir e Weekend brauch, Carry-Mat, dem Wieder ugepasste Kleeder