Explorer-Raid


Event Details

  • Date: –
  • Categories:

Explorer-Raid

Organiséiert vun der FNEL

Moie léif Explorer,

dëst Joer starte mir mam Raid – an dat an enger neier Form!

Um Programm steet en Trajet mat Arrivée an der FNEL. Do gëtt geschlof, a vun do aus geet et den Dag drop och erëm heem.

Mee wéi kommt dir als Unitéit an d’FNEL? Ma, dat ass iech iwwerlooss!

Dir musst iech als Unitéit bis den 1. November 2026 umellen an eis matdeelen, ob dir léiwer e méi wäiten oder e méi kuerzen Trajet bis an d’FNEL wëllt trëppelen. Fir e kuerzen Trajet rechne mir mat ongeféier 15 km, respektiv mat 25 km fir dee méi wäiten. Op Basis vun der Distanz gi mir iech e Startpunkt an eng Auerzäit, an da geet et lass! De Wee bis an d’FNEL fannt dir mat Hëllef vun engem Roadbook.

  • Depart: 07.11.2026, Auerzäit a Start à voir
  • Wou ass d’Aktivitéit: homeFNEL, 61A rue de Trèves, Lëtzebuerg
  • Retour: 08.11.2026 um 10:30 beim homeFNEL
  • Präis: 10€, ze iwwerweisen
  • Aschreiwung: bis den 28.10.2026 per E-Mail un explorer@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
  • Material: Fir de ganze Weekend braucht dir e Rucksak mat all de Saachen, déi dir braucht fir eng Nuecht dobannen ze schlofen, natierlech eng Gamelle an e gefëllte Bidon. E Scoutsbichelchen an dem Wëllefche seng fënnef Saache sinn och vu Virdeel. Fir Iessen an Drénken, souwéi fir eng dréchen a waarm Schlofplaz, ass gesuergt. 
error: Content is protected !!