
Ënnerstëtzt d’Scouten aus der Gemeng Dippech!
Stäerkt d’Engagement an d’Gemeinschaft!
Wien si mir?
Mir sinn eng Asbl, déi de Scoutsgrupp Dippecher Dachsen aktiv ënnerstëtzt. Duerch déi fräiwëlleg Aarbecht vun eise Memberen hu mir eng wichteg Roll bei der Organisatioun a Realisatioun vun Evenementer.
Eis Aktivitéiten:
- Ënnerstëtzung bei den Evenementer vun de Scouten, z.B.:
- Kachen;
- Gestioun vun der Logistik;
- Eng Hand mat upake wou grad eng gebraucht gëtt.
- Participatioun un den Evenementer vun der Gemeng Dippech, z.B.:
- Chrëschtmaart;
- Virowend vun Nationalfeierdag;
- Grouss Botz;
- Oder aner Fester déi vun der Gemeng organiséiert ginn.
Gemeinsam fir eng staark Gemeinschaft!
Mir invitéieren dech, Deel vun eiser Initiativ ze ginn, a sou d’Wichtegkeet vun der Aarbecht vun de Scouten vun Dippech ze ënnerstëtzen.
Deng Hëllef mécht den Ënnerscheed!
Kontakt:
- Email : amicale@dachsen.lu
- Adress : 19 rue des Écoles, L-4994 Schouweiler
Comité:
- President : Marcel Fischer
- Sekretär : Christiane Krack-Wies
- Tresorier : Klaus Grossekathöfer
- Member : Carlo Neu, Romain Schoos, John Alldis, Carole Loehr