Mini-Olympiad am Altersheem
Léif Wëllef,
„Ech verspriechen, mäi Bescht ze maache fir ee gudde Wëllefchen ze ginn, an all Dag engem eng Freed ze maachen.“ Dëst ass äert Wëllefchersverspriechen, verschiddener hunn et scho gemaach, bei aneren ass et eréischt am Februar esou wäit.
All zesumme wëlle mir de Bewunner vum Altersheem vu Mamer eng Freed maachen, mat enger mega cooler Mini-Olympiad.
Dofir mell dech ganz séier un, fir dëse flotten Nomëtten net ze verpassen!
Lénks Patt
Är Wëllefcherscheffen
- Depart: 15.03.2025 um 13:00 op der Place de l’Indépendance zu Mamer
- Wou ass d’Aktivitéit: Home Pour Personnes Âgées Mamer, 5 rue du Marché, Mamer
- Retour: 15.03.2025 um 17:15 op der Place de l’Indépendance zu Mamer
- Präis: gratis
- Aschreiwung: bis den 01.03.2025 per E-Mail un wellef@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn