Léiwen Explorer,
Hues du Loscht e puer Deeg dobaussen ze verbréngen, deng Skills ze erweideren an um Feier ze kachen? Dann ass den Explorer-Brevet genau dat richtegt fir dech!
Den Explorer-Brevet ass fir all Explorer deen zesumme mat aneren Unitéiten ee spannende Camp erliewe wëll.
Op dech waarde Survival, Biwaken, Spaass a Spannung an natierlech kanns du och deng eegen Iddie mat abréngen.
Mir freeën eis dech kennenzeléieren
Lénks Patt, deng Explorer-Brevet-Ekipp
Opgepasst: Den Explorer-Brevet ass dëst Joer zäitgläich mat eisem Gruppecamp!
- Depart: 28.03.2026 um 14:30 um Campus Helperknapp
- Wou ass d’Aktivitéit: Nidderkolpecher Scouts Chalet, 1 um Rëschweier, Nidderkolpech
- Retour: 01.04.2026 um 14:00 beim Nidderkolpecher Scouts Chalet
- Präis: 110€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis de 02.03.2026 iwwert dëse Link
- Material: Alles wat s du fir ee Camp brauchs. Weider Infoe kriss du am Mäerz geschéckt.