Hallo léif Explorer,
No puer Joer Paus hoffe mir dass mir dëst Joer eisen Explorer-Sportsdag erëm normal stattfanne loosse kënnen. Dowéinst, wann dir da Loscht hutt iech mat ärer Unitéit a verschiddenste Sportaarten op d’Prouf ze stellen a géint aner Unitéiten aus dem ganze Land unzetrieden, da mellt iech fir eis zweet grouss federal Aktivitéit! Wéi genau alles ofleeft dat gitt der den Dag selwer nach gewuer.
Alles wat dir maache musst ass iech umellen a voller Motivatioun op de Sportsdag kommen. Den Treffpunkt ass Sonndes den 08.01.2023 um 10:00 zu Diddeleng an der Sportshal, an ass och do rëm um 16:00 eriwwer.
Dir braucht näischt matzebréngen ausser eng Gamelle, Sportssaachen (mat Schung déi just fir an der Hal sinn), ee Bidon, eventuell Wiesselkleeder mat Wäschsaachen, een Ekippen-T-Shirt an är Motivatioun.
Ganz wichteg ass et dass dir eis och matdeelt op dir Allergien hutt, Veggi oder Vegan sidd. Fir de Rescht hoffe mer dass mir iech all deen Dag gesinn.
LP
Är Explorerekipp vun der FNEL
- Präis: 5€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis den 31.12.2022 per E-Mail un explorer@dachsen.lu. Ween um Wantercamp mat geet ass automatesch och fir de Sportsdag ugemellt.