Um 21. Juni feiert de Grand-Duc Henri seng 25 Joer um Troun. Dëst wäert mat e puer Festivitéiten an der Stad gefeiert ginn.
D’Beaver a Wëllefcher si mat hire Cheffen ageluede ginn deel ze huelen un der offizieller Zeremonie.
Dës wäert stattfannen tëscht dem Palais an dem Stater Gemengenhaus op der Place Guillaume Ⅱ.
Falls dir interesséiert sidd deelzehuele kënnt dir iech mellen, d’Plaze sinn awer leider limitéiert, dowéinst huet dëst och e kuerzen Umeldungsdelai. Mir mellen dann an der FNEL wéi vill Dachsen deelhuele wéilten an hoffen op e positive Retour.
Well nach Planungsversammlunge stattfanne wäerte genau Informatiounen zu Rendez-vous a Retour nokommen.
- Depart: 21.06.2025 um 18:45 um Parking Glacis bei der Tramhaltestell „Theater“
- Wou ass d’Aktivitéit: tëscht dem Palais an dem Stater Gemengenhaus, Stad Lëtzebuerg
- Retour: 21.06.2025 um 20:45 beim Stater Bierger-Center
- Aschreiwung: bis den 29.05.2025 per E-Mail un info@dachsen.lu
- Material: tipptopp Uniform a Foulard