Fête pour 25 ans S. A. R. Henri


Event Details


Um 21. Juni feiert de Grand-Duc Henri seng 25 Joer um Troun. Dëst wäert mat e puer Festivitéiten an der Stad gefeiert ginn.

D’Beaver a Wëllefcher si mat hire Cheffen ageluede ginn deel ze huelen un der offizieller Zeremonie.

Dës wäert stattfannen tëscht dem Palais an dem Stater Gemengenhaus op der Place Guillaume Ⅱ.

Falls dir interesséiert sidd deelzehuele kënnt dir iech mellen, d’Plaze sinn awer leider limitéiert, dowéinst huet dëst och e kuerzen Umeldungsdelai. Mir mellen dann an der FNEL wéi vill Dachsen deelhuele wéilten an hoffen op e positive Retour.

Well nach Planungsversammlunge stattfanne wäerte genau Informatiounen zu Rendez-vous a Retour nokommen.

error: Content is protected !!