Iron Scout
Trëppele fir e gudden Zweck
Wëlls du deng kierperlech Limitten testen an iwwert dech eraus wuessen?
Dann ass den Iron Scout genau richteg. Dëst ass en Event, organiséiert vun den LGS. Hei hues du 24 Stonnen Zäit 65km ze trëppelen. Du kanns dir op dëser Stréck däin eegent Zil setzen. 30, 40, 50 a 65km gi mat engem Badge belount.
Dëst ass awer och fir ee gudden Zweck. Du kanns dir am Virfeld Sponsore sichen, déi eng Promesse pro getrëppelte Kilometer maachen.
Dëst Joer ginn d’Spenden un d’Nadiezhda ASBL, eng Lëtzebuerger Vereenegung, déi d’Schoulbildung vu jonke Meedercher a Madagaskar fërdert.
Ass dat eppes vir dech? Da mell dech un 🙂
Genau Infoe kritt der no der Umeldung geschéckt.
- Wéini: 10. – 12.04.2026
- Wou ass d’Aktivitéit: ronderëm de Stauséi
- Aschreiwung: bis den 01.04.2026 per E-Mail un explorer@dachsen.lu oder rover@dachsen.lu. D’Souche mat de genauen Auerzäite kréien d’Explorer an d’Rover no der Umeldung geschéckt fir um Rendez-vous ofzeginn.