Jamboree on the Air: Funk-Kontakter mat Scouten aus der ganzer Welt
Jamboree on the Internet: Chats, Online-Spiller a spannend Projeten
Firwat matmaachen?
- Deel vum gréisste weltwäite Scouts-Event sinn
 - Nei Frëndschaften am richtege Liewe schléissen
 - Op spilleresch Aart Funktechnik & Internet-Kommunikatioun kenne léieren
 
Eng vun de Statioune vum JOTA-JOTI ass dëst Joer bei eis bei den Dachsen

- Depart: 18.10.2025 um 14:00 um Parking P1 vum Schuller Schoulcampus
 - Wou ass d’Aktivitéit: Scoutshome
 - Retour: 19.10.2025 um 16:00 um Parking P1 vum Schuller Schoulcampus
 - Präis: 30€, ze iwwerweisen
 - Aschreiwung: bis de 10.10.2025 per E-Mail un trupp@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
 - Material: Alles wat ee fir ee Weekend/Camp brauch,
virun allem awer eng Carry-Mat an ee waarme Schlofsak (mir
schlofen am Zelt), Uniform, an ausserdeem ee faarwegen T‑Shirt
(ouni Opdréck) fir eng Bastel.