Léif Dachsen,
Um Ufank vum Scoutsjoer ass et op e Neits un der Zäit fir eng ganz Rei vun iech fir d’Montée an déi nächst Branche ze maachen.
Wat ass d’Montée?
Bei de Scoute si mir all a verschidde Branchen (Altersstufen) opgedeelt. An de Beaver ass ee bis 8 Joer an da geet een an d’Wëllef, da mécht een d’Montée vun de Beaver an d’Wëllef. Mat 11 Joer mécht een d’Montée vun de Wëllef an d’Trupp, mat 14 Joer an d’Explorer, mat 16 Joer an d’Rover, a schliisslech mat 21 gëtt een Tembo.
D’Montée ass ëmmer e ganz wichtege Moment, et huet een d’Ziler vun der aler Branche erreecht an et kann ee bei déi “méi grouss” fir nei Aktivitéiten ze erliewen an nei Ziler unzestriewen.
Well d’Montée just eemol am Joer organiséiert gëtt ass et ganz wichteg, dass all déi Scouten déi d’Branche wiesselen op der Montée dobäi sinn! Natierlech ass awer jiddereen agelueden an opgeruff fir matzegoen!
- Depart: 05.10.2024 um 13:00 op der Gare Diddeleng-Stad, 2 avenue Grande-Duchesse Charlotte, Diddeleng
- Wou ass d’Aktivitéit: Home Saint Jean, rue du Mont St Jean, Diddeleng
- Retour: 06.10.2024 um 15:00 op der Gare Diddeleng-Stad, 2 avenue Grande-Duchesse Charlotte, Diddeleng
- Präis: 25€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis den 29.09.2024 per E-Mail un trupp@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Alles wat ee fir e Weekend brauch, Carry-Mat, dem Wieder ugepasste Kleeder