Léif Dachsen,
Mir hunn e Problem! Nodeems de Superjhemp am Fong an der Pensioun ass, muss hien elo nees asprange fir eist Land ze retten. Den Ierfgroussherzog gouff entfouert. An et gëtt nach e weidere Problem: dem Superjhemp säi Mëttel zur Superkraft gouf matentfouert: de Kachkéis!
Hie brauch elo Hëllef vun iech!
Wann dir hëllefe wëllt, da mellt iech un! Déi zwee Verbriecher erwaarden iech all den 11. Juni um Zens.
- Depart: 11.07.2026
um 14:00 um Glacis bei der Tramhaltestell „Theater“um 13:30 um Rousegäertchen - Wou ass d’Aktivitéit: homeFNEL, 61A rue de Trèves, Lëtzebuerg
- Retour: 12.07.2026 um 16:00 um Glacis bei der Tramhaltestell „Theater“
- Präis: 25€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis de
14.06.202624.06.2026 per E-Mail un info@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn - Material:
Picknick,Schlofsaachen, e Schlofsak, eng Carry-Mat an e klenge Rucksak mat der Gamell an engem Bidon dee scho mat Waasser gefëllt ass- Kappbedeckung: Wéinst de virausgesote waarmen Temperaturen ass eng Kappbedeckung fir all Kand obligatoresch an onverzichtbar. Mir bieden iech dofir, drop opzepassen, datt all Kand eng Kap, en Hutt oder eng aner passend Kappbedeckung un huet.
- Sonneschutz: Mir bieden iech, är Kanner moies virum Depart gutt mat Sonnecrème anzecrèmen. Wa méiglech, kënnt dir hinnen och eng Sonnecrème matginn, fir datt si sech am Laf vum Dag nach eng Kéier kënnen acrèmen.