De Kevin, de Stuart, an de Bob hunn décidéiert beim Sixplo matzemaachen.
Um leschte Camp ass net alles no Plang verlaf, an hir Chance op Badger ass hinne leider duerch d’Fangere gerutscht.
Mee e richtege Scout gëtt net op.
Mat frëscher Energie, an engem grousse Bestand u Banannen, wëllen déi dräi elo beim Sixplo weise wat wierklech an hinne stécht.
Maacht mat an erlieft wéi déi dräi hir zweet Chance notzen an zesumme mat eis en onvergiesslecht Abenteuer erliewen.
- Depart: 26.04.2026 um 8:30 um Parking Glacis bei der Tramhaltestell „Theater“
- Wou ass d’Aktivitéit: Chalet Nic. Rollinger, 1 rue Principale, Neihaischen
- Retour: 26.04.2026 um 17:50 um Parking Glacis bei der Tramhaltestell „Theater“
- Präis: 10€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis den 30.03.2026 per E-Mail un wellef@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material:
- Uniform
- Foulard
- Biergschong
- klenge Rucksak mat:
- Bidon mat Waasser
- 5 Saache vum Wëllefchen
- e Picknick
- Kostüm am Thema