Mat den Dachsen an Dänemark
Endlech ass et erëm sou wäit. D’Dachsen ginn zesumme mat hirer Trupp, Explorer, Rover an Tembo op e Camp.
An des Kéier féiert eis Rees an Dänemark.
Zesumme verbrénge mir vum 27. Juli bis den 3. August 2026 eng Woch voller Aktivitéiten ënner Scouten, wee weess scho wat eis erwaarde wäert?
Wëlls du dat heiten net verpassen?
Da mell dech ganz schnell un.
Mir freeën eis schon op dës gemeinsam Erfahrung!
Campplaz
Mir iwwernuechten op der Campplaz ,,Houens Odde‘‘. Dëst ass eng international Campplaz direkt niewent dem Waasser an net wäit fort vu Kolding.
Eltereversammlung
De 7. Mäerz maache mir fir jiddereen Interesséierten eng kleng Versammlung, hei stelle mir iech d’Cheffenekipp, d’Campplaz, an den Oflaf vum Camp vir.
- Depart: entweder owes de 26.07.2026 oder Méindes moies fréi (Mir fueren mam Bus, entweder iwwert d’Nuecht oder Moies fréi)
- Wou ass d’Aktivitéit: Houens Odde International Scout Centre, Houens Odde 14-20, 6000 Kolding, Dänemark
- Retour: entweder den 03.08.2026 owes spéit oder de 04.08.2026 moies fréi
- Präis: 500€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis de 14.03.2025 per E-Mail un trupp@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn