Dir als Eltere sidd owes fir d’Zeremonie, wou äert Kand d’Scoutsversprieche mécht, invitéiert. No der Zeremonie gëtt et eng waarm Zopp fir sech opzewiermen.
Mellt iech also fir d‘Zeremonie un – d‘Begleedungsunzuel wier eis do wichteg. Gitt bei der Umeldung am Mail un a wat fir enger Branche äert Kand ass. Merci!
Wann dir awer scho Froe sollt hunn da mellt iech roueg bei eis. D’Zeremonie ass dobaussen, deementspriechend muss ee sech dann dem Wieder ugepasst undoen.
- Depart fir d’Elteren: 01.02.2025 um 17:00 op der Drëps
- Wou ass d’Aktivitéit: Op der Drëps, Mamer
- Retour: 01.02.2025 um 19:00 op der Drëps
- Präis fir d’Elteren: gratis
- Aschreiwung: bis de 26.01.2025 per E-Mail un info@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Klenge Rucksak, Bidon mat Waasser, dem Wieder ugepasste Kleeder, fest Schung