Léif Beaver, Wëllef, Scouten, Explorer, Rover an Tembo
Eng ganz Rëtsch ënnert iech hunn dëst Joer hir éischt Erfarungen an der grousser Welt vum Scoutismus gemaach. Ënnert iech sinn och Leit déi, well se al an erfuere genuch waren, op der Montée hir Branche gewiesselt hunn. Fills du dech ugesprach? Wëlls du gären déi nächst grouss Etapp an denger Scoutscarrière erliewen? Dann ass elo d’Zäit komm fir feierlech an offiziell an der Mëtt vun de Scouten opgeholl ze ginn, andeems du däi Versprieche mëss an däi Scoutsfoulard iwwerreecht kriss. Dës Aktivitéit riicht sech un alleguer eis Memberen, och un déi, déi hiert Versprieche scho gemaach hunn, mellt dech also un! Dir als Eltere sidd owes fir d’Zeremonie, wou äert Kand d’Scoutsversprieche mécht, invitéiert. No der Zeremonie gëtt et eng waarm Zopp fir sech opzewiermen. Mellt iech also fir d’Zeremonie un – d’Begleedungsunzuel wier eis do wichteg. Gitt bei der Umeldung am Mail un a wat fir enger Branche äert Kand ass.
Merci!
Wann dir awer scho Froe sollt hunn da mellt iech roueg bei eis. D’Zeremonie ass dobaussen, deementspriechend muss ee sech dann dem Wieder ugepasst undoen.
- Depart:
- Beaver, Wëllef, Trupp & Explorer: 24.01.2026 um 14:00 um Glacis bei der Tramhaltestell „Theater“
- Elteren: 24.01.2026 um 17:30 op der Place Émile Mousel.
Pour Info: Dir kënnt an der Géigend vun der Clausener Bréck parken. Dorëmmer ass och de Parking „Brasserie“.
- Wou ass d’Aktivitéit: Tour Malakoff, 11B rue Jules Wilhelm, Lëtzebuerg
- Retour: 24.01.2026 géint 19:30 beim Tour Malakoff
- Präis: 5€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis de 07.01.2026 per E-Mail un info@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Klenge Rucksak, Bidon mat Waasser, dem Wieder ugepasste Kleeder, fest Schung (och fir d’Elteren)