Wantercamp


Event Details


Wantercamp

Olympia-Feeling mat Krimi-Dinner

Léif Explorer,

E flotte Mix zwëschent ongewinnte sportlechen Aktivitéiten a Survival-Techniken erwaarden iech dëst Joer op ärem Wantercamp. Verpasst dës Geleeënheet net fir ze weisen wat dir an ärem  ganze Scoutsliewe geléiert hutt!

Zousätzlech wäerte mir rëm e flotte Krimi-Dinner ofhalen, wou mir d’Rolle schonn am viraus verdeelen.

Mell dech un fir dëse sportleche Camp a flotten Dinner net ze verpassen!

  • Präis: 50€, ze iwwerweisen
  • Aschreiwung: bis de 17.12.2022 per E‑Mail un explorer@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
  • Material: Schlofsak, Carry-Mat, dem Wieder ugepasste Kleeder, Sportskleeder, Schwammsaachen, an eng Verkleedung (d’Rolle ginn zesummen an enger Versammlung virum Camp festgeluecht!)
error: Content is protected !!