Eltereversammlung
Léif Elteren,
mir géifen eis freeën iech geschwënn fir eng kleng Reunioun vu ronn enger Stonn ze gesinn. Hei wëlle mir iech e bëssen erziele wéi et bei eis an de Beaver ass:
- Wat d’Kanner bei eis erliewen a wéi eng Aktivitéite mir zesumme maachen
- Wéi mir d’Iwwernuechtungen organiséieren, sou datt och déi Kleng sech sécher a wuel fillen
- Wéi mir zesummeliewen: eis Reegelen, eisen Teamgeescht an eis Traditiounen…
- An och, wéi nei Membere sech séier kënnen integréieren
- …
Dat ass eng flott Geleeënheet, fir all Är Froen ze stellen an eis nach besser kennen ze léieren.
Egal wei laang dir schonn dobäi sidd, kommt laanscht!
Mir freeën eis elo schonn drop iech do ze gesinn!
Lénks Patt,
Är Beavercheffen
- Depart: 25.10.2025 um 16:00 beim Scoutshome
- Retour: 25.10.2025 um 17:00 beim Scoutshome