Mat den Dachsen an Dänemark
Endlech ass et erëm sou wäit. D’Dachsen ginn zesumme mat hirer Trupp, Explorer, Rover an Tembo op e Camp.
An des Kéier féiert eis Rees an Dänemark.
Zesumme verbrénge mir vum 27. Juli bis den 3. August 2026 eng Woch voller Aktivitéiten ënner Scouten, wee weess scho wat eis erwaarde wäert?
Wëlls du dat heiten net verpassen?
Da mell dech ganz schnell un.
Mir freeën eis schon op dës gemeinsam Erfahrung!
Campplaz
Mir iwwernuechten op der Campplaz ,,Houens Odde‘‘. Dëst ass eng international Campplaz direkt niewent dem Waasser an net wäit fort vu Kolding.
Eltereversammlung
De 7. Mäerz maache mir fir jiddereen Interesséierten eng kleng Versammlung, hei stelle mir iech d’Cheffenekipp, d’Campplaz, an den Oflaf vum Camp vir.
- Depart: 27.07.2026 moies fréi beim Scoutshome
- Wou ass d’Aktivitéit: Houens Odde International Scout Centre, Houens Odde 14-20, 6000 Kolding, Dänemark
- Retour: 03.08.2026 owes spéit beim Scoutshome
- Präis: 500€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis de 14.03.2025 per E-Mail un explorer@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn