Loscht op e bësse Camp-Feeling?
Dann huel däi Rucksak (an deng gutt Laun!) a komm mat op den Tembo-Dag vun der FNEL op de Fetschenhaff.
Wat steet um Programm?
- e Rallye
- GBS
- Schlofen am Zelt
- Outdoor-Cooking
- vill Spaass a Spiller
Komm, wéi s de bass – eleng, mat Partner, Kanner, Frënn, Hond, Kaz oder dengem Goldfësch (soulaang en net am Zelt schléift).
Mell dech fir déi Aktivitéiten un, op déi s du Loscht hues – a bereet dech op eng Portioun Nostalgie, Spaass a Camp-Vibes vir!
- Depart: 21.03.2026 um 19:30 beim homeFNEL
- Wou ass d’Aktivitéit: homeFNEL
- Retour: 21.03.2026 um 16:00 beim homeFNEL
- Präis: 15€, ze iwwerweisen op FNEL Scouten Programme LU95 0030 0457 4525 6000 mat der Mentioun “Tembo-Dag – Numm – Grupp”
- Aschreiwung: bis de 14.03.2026 iwwert dëse Link
