Event Category: Tembo

Och dëst Joer ass et erëm esouwäit, de Rover-Tembo-Quiz ass zréck! Hei kritt dir d’Chance iech an engem ultimative Battle géint déi aner Gruppen duerchzesetzen, fir Ruhm an Éier ze kämpfen an iech dee gëllene Mikro ënnert de Nol ze räissen. Et gëllt sech an deene verschiddensten Disziplinnen déi am Showbusiness gefrot sinn, ze beweisen

Den 12. an 13. November 2022 ass en obligatoreschen Preparatiounsweekend fir Participanten an de Staff vum Camp am Nepal 2023. Weider Infoe ginn et am nächste Newsletter.

Léiwe Rover, Léiwen Tembo,  2023 organiséiert d’FNEL erëm e Camp am Nepal – u sech deen dee virun 2 Joer ausgefall ass. Wann s du déi leschte Kéier schonn ageschriwwe waars respektiv interesséiert bass fir 2023 eng eenzegaarteg Erfahrung an engem eenzegaartege Land ze maachen da biede mer dech den Newsletter, deen s du per Mail krut hues, eng Kéier gutt