Dëst Joer féiert eis de Walk for Nepal an déi schéi Muselgéigend.
Zesumme sammele mir Suen, fir d’Projete vun der ONGD-FNEL am Nepal ze ënnerstëtzen.
Du sichs der selwer deng Sponsoren eraus, déi pro vun dir getrëppeltem Kilometer oder einfach e fixe Betrag un d’ONGD-FNEL spenden.
Du kanns selwer decidéieren, wéini s du ufänks a wéi vill Kilometer s du trëppele wëlls.
Maach also deng Biergschung prett a komm mat!
- Depart: 17.05.2026 beim Home St. Jean-Baptiste Ohn
- éischte Start: 7:00
- leschte Start: 15:00
- Wou ass d’Aktivitéit: Home St. Jean-Baptiste Ohn, 14 rue de la Résistance, Ohn
- Retour: 17.05.2026 ofhängeg vum Depart an der gewielter Distanz beim Home St. Jean-Baptiste Ohn
- Präis: 10€, ze iwwerweisen op de Kont “FNEL Scouten Programme” LU95 0030 0457 4525 6000
- Aschreiwung: bis den 10.05.2026 iwwert dëse Link
- Material: Alles, wat s du fir ze trëppele brauchs
