Kach­sortie


Event Details


Kach­sortie

Bei de Wikinger

Léif Scouten,

De Wanter ass do an d’Wikingerduerf Skagenhafen huet net méi genuch Iesse fir de Wanter ze iwwerliewen. Si hu schonn alles probéiert mee duerch e Schnéistuerm leeë keng Schëffer méi bei hinnen am Hafen un. Dofir froe si iech elo fir hinnen ze hëllefen hire Proviant opzefëllen an de laange Wanter ze iwwerstoen.

Lénks Patt,
Är Truppecheffen

  • Depart: 12.12.2026 um 14:00 beim Scoutshome
  • Wou ass d’Aktivitéit: Scoutshome
  • Retour: 12.12.2026 um 21:00 beim Scoutshome
  • Präis: 10€, ze iwwerweisen
  • Aschreiwung: bis de 05.12.2026 per E-Mail un trupp@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
  • Material: Un d’Wieder ugepasste Kleeder, Gamell, Besteck, Becher, gutt Laun
error: Content is protected !!