Déierenheem
Léif Elteren, léif Beaver,
mir si ganz frou Iech matzedeelen, dass mir dank Ärer Ënnerstëtzung eng verlängert Versammlung fir eis Kanner organiséieren! Dës wäert iwwer 4 Stonne goen, sou dass mir richteg vill Zäit hunn, fir zesummen eppes Schéines z’erliewen.
Ee wichtege Bestanddeel vun dësem Dag ass, dass d’Kanner selwer akafe ginn a zwar fir d’Saachen, déi d’Déieren am Déierenheem brauchen. Domat léieren d’Kanner net nëmme Verantwortung ze iwwerhuelen, mee si gesi ganz konkret, wéi si duerch hiert Engagement eppes Guddes bewierke kënnen.
Mir freeën eis op dës flott Erfarung mat de Kanner a soen Iech schonn elo villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung!
Lénks Patt,
Är Beavercheffen
- Depart: 07.06.2025 um 13:00 beim Scoutshome
- Wou ass d’Aktivitéit: Scoutshome
- Retour: 07.06.2025 um 17:00 beim Scoutshome
- Präis: 0€
- Aschreiwung: bis de 01.06.2025 per E-Mail un beaver@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn