Léif Rover an Tembo,
Zesumme mat de Mamer Wiselen organiséiert d’FNEL dëst Joer erëm de grousse Rover-Tembo-Beachvolleyball-Tournoi.
An Ekippen zu 4 bis 7 Spiller wäerte mir och dëst Joer erëm eist Bescht ginn, fir um Enn vum Tournoi um Treppche stoen ze kënnen!
D’Rover- an Tembo-Kommissariater vun der FNEL freeë sech schonn op eis!
- Depart: 21.06.2026 um 9:30 bei de Capellener Beachvolleyball-Terrainen
- Wou ass d’Aktivitéit: Capellener Beachvolleyball-Terrainen, 13 Rannerwee, Capellen
- Retour: 21.06.2026 um 16:00 bei de Capellener Beachvolleyball-Terrainen
- Präis: 5€, ze iwwerweisen op de Kont vun de Mamer Wiselen
LU43 0090 0000 3215 7638 - Aschreiwung: bis den 14.06.2026 per E-Mail un tembo@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Sonnecrème
