Bëschplanzaktioun
Dag vum Bam
Du wëlls aktiv um Dag vum Bam deelhuelen an zesumme mat der Stad Lëtzebuerg een neie Bësch uplanzen? Da mell dech schnell bei eis un.
Moies ginn d’Beem opgeriicht a Mëttes gëtt mat den Explorer, Rover an Tembo den Zonk opgeriicht fir eis Beem virum Wëld ze schützen.
D’Rover an Tembo kënne vu 15:30-16:00 un engem Bamschnëtt-Cours deelhuelen, déi als Formation continue unerkannt gëtt.
Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt.
- Depart: 21.11.2026 um 13:00 zu Dummeldeng um Hirzebierg
- Wou ass d’Aktivitéit: Hirzebierg, montée de Dommeldange, Lëtzebuerg
- Retour: 21.11.2026 um 16:00 zu Dummeldeng um Hirzebierg
- Präis: 0€
- Aschreiwung: bis den 01.10.2026 per E-Mail un tembo@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn