Eltereversammlung fir de Summercamp 2026
De 7. Mäerz maache mir fir jiddereen Interesséierten eng kleng Versammlung, hei stelle mir iech d’Cheffenekipp, d’Campplaz, an den Oflaf vum Camp vir.
Mir sinn dee Moment dann och do fir all méiglech Froe kënnen ze beäntweren.
Bis dohin kënnt dir iech gären per Mail op info@dachsen.lu mellen.
Äre Chef de Camp, Monville Daniel, an d’Cheffenekipp