EXPLO 2025
Mord am Casino
Kënnt dir de Mordfall léisen? Hutt dir et gesinn? Also gelies? Oh Mamm, mir kënnen et guer net gleewen! Et ass eppes geschitt! Eppes ganz Schlëmmes, dramatesch Grujeleges! Ee MORD! Dir frot iech wéi a wou a mat wat? Majo mir eis och!
Dowéint, sidd dobäi wa mir dëse Fall zesumme léisen!
- Wéini?
08.-09.02.2025 - Wou?
ZOM – Zentrum fir d’Opléisung vu Mordfäll
um Misärshaff
Mir freeën eis op Iech!
Är Truppecheffen
- Depart: 08.02.2025 um 8:45 op der Bushaltestell „Hireknapp“ zu Capellen
- Wou ass d’Aktivitéit: Misärshaff, 1 Misärshaff, Ueschdref
- Retour: 09.02.2025 um 11:30 op der Bushaltestell „Hireknapp“ zu Capellen
- Präis: 20€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis den 20.01.2025 per E-Mail un trupp@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Schlofsak, Carry-Mat, Wäschtrousse, Ersatzkleeder, Biergschung, Gamelle. WICHTEG! Huelt ee waarme Schlofsak mat.