Wat ass do uewe lass?
An der Lescht ginn et am Norde vum Land, do uewe wou vill Natur ass an net vill Leit wunnen, vill nei a flott Liichter ze gesinn. Oft fänkt dat owes wärend dem Sonnenënnergang un an dauert bis moies. Déi Liichter sinn anscheinend immens schéin a stelle mat de Stären e Konschtwierk am Himmel hier.
Komm mat, all dir Dachsen, op eng Rees an d’Natur fir dee Spektakel am Himmel ze bewonneren éier en erëm verschwënnt.
Mellt iech un, wee weess ob mir esou eppes nach eemol matmaachen!
Wee weess wat mir do uewe fanne wäerten…
- Depart: 12.04.2025 um 8:00 op der Dippech-Reckenger Gare
- Wou ass d’Aktivitéit: Misärshaff, 1 Misärshaff, Ueschdref
- Retour: 14.04.2025 um 17:20 op der Dippech-Reckenger Gare
- Präis: 35€, ze iwwerweisen
De Präis war 55€, d’Amicale Dippecher Dachsen ënnerstëtzt all Participant mat 20€.
Final: 35€, ze iwwerweisen - Aschreiwung: bis den 16.03.2025 per E-Mail un info@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Alles wat s du fir e Camp mat 2 Iwwernuechtunge brauchs an engem grousse Rucksak (Beaver a Wëllefcher schlofen dobannen; Trupp an Explorer schlofen dobaussen!), décke Schlofsak a Schlofkleeder falls et kal gëtt an der Nuecht, klenge Rucksak mat Bidon Waasser, eng Spektiv (optional), Bic a Block, fest Schung, eng Reejackett