Dëst Joer wäerten d’Wëllef erëm Versammlungen am Bësch halen. Dës Versammlunge stinn am Programm um Site an am DixDixDax als Naturversammlung . D’Versammlung dauert nach ëmmer vu 14 bis 16 Auer a brauch keng speziell Umeldungen.
Wat ännert ass de Rendez-vous. Fir kënne méi Zäit am Bësch ze verbréngen, treffe mir eis bei der Entrée vum Schéiferwee zu Schuller. De Retour fënnt och erëm do statt.
Denkt wgl. drun dass mir 2 Stonnen am Bësch verbréngen (dobaussen), d’Kanner brauchen also fest Schong an dem Wieder ugepasste Kleeder. Gläichzäiteg rode mir dass all Kand e klenge Rucksak fir seng Saachen dobäi huet mat engem Bidon Waasser.
Merci villmools fir är Hëllef an Ënnerstëtzung!
Bescht Scoutsgréiss,
d’Wëllefcherscheffen