Natur­versammlung


Event Details


Dëst Joer wäerten d’Wëllef erëm eng Versammlung am Bësch halen. Dës Versammlung dauert nach ëmmer vu 14 bis 16 Auer a brauch keng speziell Umeldungen.

Wat ännert ass de Rendez-vous. Fir kënne méi Zäit am Bësch ze verbréngen, treffe mir eis bei der Entrée vum Schéiferwee zu Schuller. De Retour fënnt och erëm do statt.

Denkt wgl. drun dass mir 2 Stonnen am Bësch verbréngen (dobaussen), d’Kanner brauchen also fest Schong an dem Wieder ugepasste Kleeder. Gläichzäiteg rode mir dass all Kand e klenge Rucksak fir  seng Saachen dobäi huet mat engem Bidon Waasser.

Merci villmools fir är Hëllef an Ënnerstëtzung!

Bescht Scoutsgréiss,
d’Wëllefcherscheffen

  • Depart: 09.05.2026 um 14:00 am Agang vum Schéiferwee
  • Wou ass d’Aktivitéit: Agang vum Schéiferwee, Schuller
  • Retour: 09.05.2026 um 16:00 am Agang vum Schéiferwee
error: Content is protected !!