Léif Scouten, Explorer, Rover,
Léif Cheffen,
Wéi’s du scho matkritt hues, si mir frou dech op de nächste Federal-Camp vun der FNEL ze invitéieren. A wat fir ee Camp eis do erwaart! Zesumme gi mir an d’Häerz vu Skandinavien: SCHWEDEN! Mat iwwer 50% vu senger Fläch u Bëscher an honnerte vu Séien a Flëss bitt Schweden eis déi perfekt Kuliss fir ee Federal-Camp wéi mir en nach net gesinn hunn. Kommt mat eis op des Aventure an erlieft Scoutismus puer, mat villen Outdoor-Aktivitéiten, enger eenzegaarteger Campplaz, onbeschreiflech Landschaften an du schléiss Frëndschafte fir d’Liewen!
Hei déi wichtegst Informatiounen am Iwwerbléck:
Wéini: 16. Juli 2022 8:30 – 31. Juli 2022 géint 11:00
Wou: Ransberg ScoutCenter – Schweden
Wat erwaart dech: Een Action-räiche Programm mat villen Aktivitéiten am Fräien, ee flott Campliewen, Hiken duerch déi wonnerschéi Landschaften a villes méi!
Fir wien (Alteren op den 1. September 2021):
- Participanten:
- Rover: 16 – 20 Joer
- Explorer: 14 – 15 Joer
- Scouten: 11 – 14 Joer
- Scouts-Cheffen
- Explorer-Cheffen
Material: Apakslëscht
Präis: 750€
Aide de financement: D’FNEL ass oppe fir all Mënsch, ouni, ënnert anerem, se fir hir sozial Hierkonft oder hir Verméigen ze ënnerscheeden. Esou steet et an de Statute vun der FNEL geschriwwen. A fir all Scout d’Méiglechkeet ze ginn un engem Federal-Camp deel ze huelen, besti verschidde Méiglechkeete fir deenen ënnert d’Äerm ze gräifen, déi net esou gutt do stinn. Dëst kënnen, zesumme mam Grupp an der FNEL, Finanzéierungshëllefen sinn, oder och nach d’Opdeele vun de Käschte vum Camp op verschidden Mensualitéiten. Zéckt net äre Gruppechef oder d’FNEL (campfederal@fnel.lu) dorobber unzeschwätzen / unzeschreiwen.
Mir freeën eis, dech mat ob dëst onvergiessbar Rees matzehuelen an zesummen nei Erfarungen an Entdeckungen ze maachen,
Vänliga hälsningar,
Äre Staff