Event Category: Rover

Och dëst Joer ass et erëm esouwäit, de Rover-Tembo-Quiz ass zréck! Hei kritt dir d’Chance iech an engem ultimative Battle géint déi aner Gruppen duerchzesetzen, fir Ruhm an Éier ze kämpfen an iech dee gëllene Mikro ënnert de Nol ze räissen. Et gëllt sech an deene verschiddensten Disziplinnen déi am Showbusiness gefrot sinn, ze beweisen

Léif Elteren, am Kader vun dem Federal–Camp 2022, deen a Schwede stattfënnt, invitéiere mir Iech op eng Informatiouns­versammlung, fir Iech op dëse flotten Auslandscamp sou gutt wéi méiglech virzebereeden. Hei erhaalt dir Informatiounen zum Programm, Transport an Organisatioun vun dësem Camp. All Froen déi dir nach hutt, kënnt Dir eis hei stellen. Mir freeën eis op Iech.Lénks Patt,Dippecher Dachsen

Léif Scouten, Explorer, Rover,Léif Cheffen, Wéi’s du scho matkritt hues, si mir frou dech op de nächste Federal-Camp vun der FNEL ze invitéieren. A wat fir ee Camp eis do erwaart! Zesumme gi mir an d’Häerz vu Skandinavien: SCHWEDEN! Mat iwwer 50% vu senger Fläch u Bëscher an honnerte vu Séien a Flëss bitt Schweden eis