Event Category: Rover

Wéi all Joer hëllefen d’Rover och dëst Joer erëm op der Chrëschtfeier vun der Stëmm vun der Strooss. D’Feier ass zu Bouneweg am Centre Culturel a wäert vun 10:30 bis 18:00 daueren, déi genau Auerzäit wéini mir do si fir ze hëllefe wäert iech am Viraus nach matgedeelt ginn. Aschreiwung: iwwert dëse Link: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSca5zccJGqdUr3GWt2rJ_h68TZWeT_ENWlXB4y7yNN-rSD9Dw/viewform

Komm an dengem schéinste Chrëschtdaags-Outfit an organiséier mat eis zesummen e flotte Patt mat klenge Leckereie fir d’Bewunner vum Altersheim op der Rhum! Fir d’Mëttegiessen ass gesuergt. Umeldung: als Clan oder alleng bis den 11.12.2022 iwwer folgende Link: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSdcX70cAZYGAaA0lWtdJlXt32kpyGCRU1ydReHlT_8qr1gGxA/viewform Präis: 5€, ze iwwerweisen op de FNEL Programm Kont (LU95 0030 0457 4525 6000) bis de

Wéi hunn d’Biergaarbechter anno 1970 gelieft? Wéi huet hiren Alldag ausgesinn? Ëhm … mir wësse et och net sou richteg! Mee no enger zimmlech kuerzer Recherche hu mir all eis Energie dra gestach fir iech elo dee beschtméiglechste Programm zu deem Thema unzebidden! Also kommt mat eis… an d’Welt vun de Biergaarbechter! Et ass och