Léif Dachsen,
Den 12. an 13. Juli fënnt de Pow-Wow statt, dat lescht grousst Scoutstreffe vum Scoutsjoer, wou all d’Gruppe vun der FNEL sech zesummen treffe fir d’Scoutsjoer ze feieren a glécklech ofzeschléissen.
Dëst Joer fënnt dëst zu Iechternach ronderëm dem Séi statt.
Fir den Transport fuere mir Samschdes wéi Sonndes mam Bus vun eisem Home aus direkt op Iechternach, och fir Heem. Loosst also beim Home Plaz datt de Bus duerchfuere kann, MERCI.
Léif Beaver vun den Dachsen,
Mir schreiwen d’Joer 698: eng nei Stad ass gegrënnt ginn – Epternacencis. Si soll anscheinend ronderëm e schéine Séi, bäi sandege Fielsen an tëscht gréngen Hiwwele leien. Jidderee schwätzt vun der grousser Buerg an de villen neien Awunner, déi schonns dohinner geplënnert sinn. Ob Bauer, Bäcker oder Pater – all zéie se a Richtung vun der neier Stad. Soll déi nei Buerg wierklech esou grouss si wéi se all soen?
Samschdes, den 12. am 7. vun de Méint ginn anscheinend vill daper Ritter ausgebilt. Esou gëtt et kee Grond zur Veronsécherung fir dat grousst Erëffnungsfest vun Epternacencis, den 13. Juli 2025.
Kommt och dir mat feieren op eng Plaz, beschriwwen als Therme vum Mëttelalter wou och d’Réimer schonns geschwomme sinn. Hei gitt dir verfleegt an hutt vläicht esou guer d’Chance d’Prinzessin perséinlech kennen ze léieren. Loosst iech verféieren an eng Mëttelalterstad wéi aus dem Billerbuch an trefft op echt Ritteren, motivéiert Käch, fläisseg Stallkniechten, schéin Hofdamen a kreativ Gaukler. Aktivitéite gi gebuede fir jonk an al – loosst iech dat net entgoen, well all d’Nopeschdierfer sinn derbäi!
A vläicht gitt dir jo dann och nei Awunner vun Epternacencis?
- Depart: 13.07.2025 um 8:15 beim Scoutshome
- Wou ass d’Aktivitéit: Iechternacher Séi
- Retour: 13.07.2025 um 17:45 beim Scoutshome
- Präis: 15€ ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis de 15.06.2025 per E-Mail un info@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: E klenge Rucksak mat: Foulard, Uniform, Gamell-Sak mat Gamell, Kichenduch, Besteck a Becher, Bidon Waasser, Sonnecrème/Reejackett/Kap (au besoin). Wgl. dem Wieder ugepasste Kleeder undoen a fest Schong.