Kachsortie
Léif Kanner, Léif Elteren,
Zesumme gi mir akafen an d’Kanner däerfe selwer auswielen, wat si kache wëllen.
Mat vill Spaass, a gudder Laun bereede si hir eege Geriichter vir – natierlech mat e bëssen Hëllef vun de Cheffen 🙂
Um Schluss kënnt dee schéinste Moment: D’Eltere sinn häerzlech invitéiert um 12:30 Auer, fir ze schmaache wat hir Kanner mat vill Léift gekacht hunn.
Fir d’Elteren nëmme mat Umeldung, fir datt mir alles gutt plange kënnen. Mir freeën eis op vill kleng Käch an op ganz houfreg Elteren!
Lénks Patt, Truppecheffen
- Depart: 06.06.2026 um 8:00 beim Scoutshome
- Wou ass d’Aktivitéit: Dippech & Schuller
- Retour: 06.06.2026 um 15:00 beim Scoutshome
- Präis: 20€, ze iwwerweisen. Eltere bezuelen näischt wa se iesse kommen.
- Aschreiwung: bis den 30.05.2026 per E-Mail un trupp@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: dem Wieder ugepasste Kleeder