Ronderëm d’Welt an der Kichen
Kachsortie
Léif kleng Käch a Kächinnen a léif Elteren,
eng geheim Dier geet op… ✨
Hannert där Dier verstoppt sech eng magesch Kichen,
an där Läffelen danzen, Dëppe sangen
an aus einfache Liewensmëttel richtegt Zauberiessen entsteet.
Fir eng ganz Sortie ginn d’Kanner zu Kach-Entdecker
a bereede mat vill Fantasie a Freed verschidde Plate vir.
Zesumme gitt dir zu Kach an Entdecker,
An dat mat vill Spaass an Teamgeescht.
De grousse Schluss vun dëser Kachgeschicht:
D’Eltere sinn häerzlech invitéiert um 12:30 Auer
an de Kanner-Restaurant ze kommen
a mat ze iessen.
👉 Nëmme mat Umeldung, fir datt mir alles gutt plange kënnen.
- Depart: 17.01.2026 um 9:00 beim Scoutshome
- Wou ass d’Aktivitéit: Scoutshome
- Retour: 17.01.2026 um 15:00 beim Scoutshome
- Präis: 13€, ze iwwerweisen. Eltere bezuelen näischt wa se iesse kommen.
- Aschreiwung: bis den 12.01.2026 per E-Mail un beaver@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Picknick fir mëttes