Kanner hir Magie: Kreatioun a Genoss
Léif Kanner, léif Elteren,
Mir invitéieren Iech häerzlech op eis Kachsortie, wou d’Kanner hir Kreativitéit a Kichefäegkeete beweisen dierfen. Mat vill Fantasie wäerte si e leckert Iessen zauberen.
D’Eltere si ganz häerzlech invitéiert dësen Dag mat eis ze verbréngen, dëst ab 19:30 (mellt iech mat un). Genéisst mat eis dat leckert Iessen dat d’Kanner preparéieren.
Als besonneschen Deel vun dësem Dag stellen d’Kanner hir eege Konschtwierker aus – gebastelt, gemoolt oder kreativ zesummegestallt – an enger Ausstellung, déi wéi ee klenge Musée opgebaut gëtt. D’Elteren hunn d’Méiglechkeet, dës Konschtwierker géint eng kleng Spend mat Heem ze huelen. Den Erléis gëtt komplett un ee gudden Zweck gespent, fir déi, déi et brauchen.
Dësen Dag gëtt eng flott Geleeënheet fir d’Kanner hir Kreativitéit ze weisen an eng onvergiesslech Zäit mat Frënn an der Famill ze verbréngen.
Mir freeën eis schonn drop, Iech dobäi ze hunn, fir dësen Dag voller Kreatioun a Genoss zesummen ze verbréngen!
Lénks Patt
är Beavercheffen
- Depart: 15.03.2025 um 13:00 beim Scoutshome
- Wou ass d’Aktivitéit: Scoutshome
- Retour: 15.03.2025 um 19:30 beim Scoutshome
- Präis: 15€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis den 12.03.2025 per E-Mail un beaver@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn