Léif Elteren, léif Kanner,
D‘Josephine huet all seng Kolleege verluer a weess net méi wou se sinn. Hat huet de Cheffen ee Bréif geschriwwen, fir ze froen ob eis léif Scouten him kéinten hëllefen.
Natierlech sote mir ‘Jo’, an hatt huet eis de Scouten nach ganz vill aner Bréiwer hannerlooss, déi mir nëmmen opmaache kënne mat ärer Hëllef!
Lénks Patt,
Truppecheffen
- Depart: 05.04.2025 um 10:00 beim Scoutshome
- Wou ass d’Aktivitéit: Scoutshome
- Retour: 05.04.2025 um 16:00 beim Scoutshome
- Präis: 5€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis den 22.03.2025 per E-Mail un trupp@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Dem Wieder ugepasste Kleeder