Mat den Dachsen an der Normandie
Endlech ass et erëm sou wäit. D’Dachsen ginn zesumme mat hirer Trupp, Explorer, Rover an Tembo op e Camp. An des Kéier féiert eis Rees an d’Normandie. Eng Woch voller Aktivitéiten, Veilléeën a Waasseraktivitéiten. Wëlls du dat heiten net verpassen? Da mell dech ganz schnell un.
Mir fuere mam Bus iwwert den Dag dohin. Et ass keen Iessen hei vun eis agerechent. Et wier gutt wann dir e klenge Picknick hätt (dëst beschtefalls an enger réutilisabler Këscht).
Eltereversammlung
De 6. Juni maache mir fir jiddereen Interesséierten eng Versammlung, hei stelle mir iech d’Cheffenekipp, d’Campplaz, an den Oflaf vum Camp vir. Mir sinn dee Moment dann och do fir all méiglech Froe kënnen ze beäntweren.
- Depart: 27.07.2026 um 7:00 beim Scoutshome. Depart Bus: 7:30
- Wou ass d’Aktivitéit: Base Scout Gaston Raoult, 50 chemin de la Clairière, 76610 Le Havre, Frankräich
- Retour: 03.08.2026 géint 21:00 beim Scoutshome
- Präis: 500€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis de 06.06.2026 per E-Mail un info@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Picknick, klenge Rucksak, grousse Rucksak mat allem wat ee fir e Camp brauch (Annex), Autorisation parentale, denkt un är Schwammsachen! Dir schlooft an Zelter!