Walk for Nepal


Event Details


Trëppele fir e gudden Zweck

Looss der deng Kilometer bezuelen a spent un d’ONGD. Tëschent 5 a 50 km, du entscheets wéi wäit dass de gees!

De Walk for Nepal ass den Trëppeltuer, wou s du dech selwer erausfuerdere kanns. Wéi wäit s du trëppels, wiels du selwer aus. Et geet alles vu 5 km bis souguer 50 km.

Dat Ganzt ass am Kader vun der ONGD FNEL. All Mënsch dee mat trëppelt soll Sponsore fannen (Famill & Frënn), déi entweder e fixe Montant oder pro Kilometer Sue spenden.

Wann s du also mat trëppele wëlls, da mell dech séier un!

  • Depart: 18.05.2025 beim Home Belvedere
  • Wou ass d’Aktivitéit: Home Belvedere, 100 rue Jean Friedrich, Diddeleng
  • Retour: 18.05.2025 beim Home Belvedere
  • Präis: 15€, ze iwwerweisen op de FNEL Programme Kont LU95 0030 0457 4525 6000
  • Aschreiwung: bis den 10.05.2025 iwwert dëse Link

error: Content is protected !!